An der Vergaangenheet war d’Kelly ëmmer nees wéinst Alkohol- an Drogesucht an Therapie.

D'Kelly Osbourne, Duechter vum Ozzy Osbourne, hat a sengem Kampf géint Alkohol- an Drogesucht ee Réckfall. Dat huet hatt elo an engem Instavideo ganz éierlech zouginn. Hatt selwer seet, dass et net stolz drop wier. An engem Podcast wëll hatt deemnächst méi genee iwwert säi Réckfall schwätzen.

Zënter 2017 war hatt clean. Hatt war ëmmer nees wéinst senger Alkohol- an Drogesucht a Behandlung.