Ausserdeem muss hien eng Geldstrof bezuelen an een Anti-Agressiouns-Training maachen.

De gewalttätegen Ex vun der US-Schauspillerin Hayden Panettiere muss fir 45 Deeg an de Prisong. De Brian Hickerson hat d’Schauspillerin wärend der 2 Joer laanger On-Off-Bezéiung ëmmer nees mësshandelt a geschloen. Hie muss awer just nach fir 33 Deeg an de Prisong, well hien de leschte Summer schonn 12 Deeg am Prisong souz. Wéi den US-Magasin „US Weekly“ mellt, muss den 31 Joer alen Ex-Frënd och eng Geldstrof vu 500 Dollar bezuelen, an een Anti-Aggressiouns-Training maachen.