En Dënschdeg hunn si sech zu Hamburg getraff.

Den Dieter Bohlen huet sech zwar kierzlech misse vun RTL respektiv vun „Deutschland sucht den Superstar“ trennen, mee gudd Frëndschaften hänkt hien dofir nach laang net un den Nol. De Bohlen a säi fréieren DSDS-Schützling Pietro Lombardi, si weiderhi ganz gutt Kolleegen.

An dat beweisen déi Zwee och des Woch. En Dënschdeg hunn si sech zu Hamburg getraff. Anscheinend wier et ee pueren Zoufall gewiescht, wéi de Bohlen op sengem Insta-Account erzielt.

Lo freet een sech natierlech, ob et wierklech een zoufällegt Treffe war, oder ob vläicht net awer méi dohannert stécht.

Vläicht plangen déi Zwee jo ee gemeinsame Projet. Den Dieter sot jo, dass hie lauter Projete grad um Lafen hätt.