© Kevin Winter / Getty Images North America / Getty Images via AFP
Gëtt et ee "Benifer"-Comeback? Spekuléiert gëtt schonn zënter e puer Wochen.
17 Joer no der Trennung sollen d’Jennifer Lopez an de Ben Affleck nees zesumme sinn. Dat mellen US-Promizeitungen.
D’J. Lo huet sech jo viru kuerzem offiziell vum Alex Rodriguez getrennt, an och de Ben Affleck ass zënter kuerzem nees Single. De Comeback wier also méiglech.
De Ben Affleck hat viru kuerzem an engem Interview mat der „Vanity Fair“ an den héchsten Téin vun der Sängerin geschwäermt.