An der Vergaangenheet haten hien a seng Fra net sou vill Gléck, et goufen e puer Feelgebuerten.

Et gi Babynews an zwar vum Backstreet Boy Nick Carter. De Sänger ass fir déi drëtte Kéier Papp ginn. Dat huet hien elo stolz op Twitter annoncéiert. An der Vergaangenheet haten hien a seng Fra net vill Chance. Et goufen nämlech e puer Feelgebuerten. An och bei dëser Gebuert goufen et vill Komplikatiounen. Dem Puppelchen an der Mamm géif et awer gutt goen.