© POOL / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Fir de witzegste Moment bei den Oscars huet dës Kéier d'Schauspillerin Glenn Close gesuergt.
D’Oscar-Zeremonie huet dëst Joer op e puer Plaze stattfonnt, an net alleguerten déi Nominéiert respektiv Gewënner waren op der Plaz. Trotzdeem ass de Glamour net ausbliwwen.
Bei de Kleeder a Schong war virun allem Gold eng beléifte Faarf. Och beim Hiphop-Produzent Questlove, dee mat gëlle Crocs op d’Gala komm ass.
© Chris Pizzello / POOL / AFP
Net am gëllenen, mee am bloen Outfit ass dann d’Schauspillerin Glenn Close komm. Een Oscar gouf et net, mee dofir huet hatt awer getwerkt an dat mat 74 Joer, Respekt.