© VALERIE MACON / AFP
D'Gerücht vum Dag: d'Adele wëll elo anscheinend Schauspillerin ginn.
No 15 Grammys, 1 Golden Globe an 1 Oscar fir seng Songs, wëll déi brittesch Sängerin mat der mega Stëmm elo op déi grouss Kino-Leinwand. Dat huet een Insider der „The Mail on Sunday“ geflüstert.
D'Adele huet jo iwwer 40 Kilo ofgeholl an hat op der US-Telé een erfollegräiche Comedy-Optrëtt an der „Saturday Night Live“-Show.
Anscheinend géifen dem Adele seng Agenten elo no engem passenden Dréibuch sichen, mee an de Studio soll d’Sängerin awer och nach goen, fir den nächsten Hit-Album opzehuelen.