© Cindy Ord / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Déi spannend Thriller-Serie "You" geet offiziell an déi drëtt Ronn.
Op Noriicht hu vill Fans laang gewaart. 2018 war de Penn Badgley fir di éischte Kéier a senger Roll als Stalker Joe Goldberg an der Serie "You" ze gesinn. Déi drëtt Staffel ass elo offiziell ofgedréint, dat huet d'Produzentin wësse gedoen.
Déi nei Epidsode wieren deemno total verréckt an d’Leeschtungen deck gutt. Méi wollt een zu der neier Staffel net soen.
Wéini déi drëtt Staffel gesent gëtt, ass nach net bekannt, warscheinlech Enn des Joers.