© Ilya S. Savenok / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Schauspiller ass liicht genervt vum Liblingssong vu senger Duechter, a schléit eng méi "brutal" Method vir, dass hatt de Song net méi sou gären huet.
De Schauspiller Ryan Reynolds huet es genuch vum Liblingssong vu senger klenger Duechter, an huet schonn eng Iddi wéi hien dogéint virgoe kann.
Et geet konkret ëm de "Baby Shark"-Song, dee seng Duechter de ganzen Zäite lauschtert. Op Lëtzebuergesch iwwersat heescht de Song „klengen Hai“.
Seng Idee ass, senger Duechter einfach de Film „The Shallows - Gefahren der Tiefe“ ze weisen. Dat schreift hie selwer op Insta.
Am Film spillt d’Mamm d’Blake Lively eng Surferin, déi nëmme knapp eng Attack vun engem Hai iwwerlieft.
Fir ee knapp 2 Joer aalt Meedche wier dat awer schonn eng krass Mesure...