© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Rich Polk
D’Famill vum Caitlyn ass net sou dovunner iwwerzeecht.
D’Caitlyn Jenner, dat als Bruce Jenner am Kardashian-Clan bekannt ginn ass, wëll elo Gouverneurin vu Kalifornien ginn, an huet offiziell seng Kandidatur agereecht. Genee sou wéi säi Virbild a Kolleeg den Arnold Schwarzenegger. Allerdéngs ass d’Famill vum Caitlyn net sou dovunner iwwerzeecht.
D’Kendall an d’Kylie Jenner wëllen d’Caitlyn zum Beispill net beim Walkampf ënnerstëtzen, heescht et vum US-Promi-Portal "TMZ". Och d’Kim Kardashian zitt net mat. Nach méi haart kënnt et vum Caitlyn Jenner sengen 3 Jongen aus engem fréiere Bestietnis. Déi soen d’Caitlyn wier net dofir gemaach an hu gefrot dass hatt net kandidéiert.
Haart Kritik aus der eegener Famill. Mee d’Caitlyn Jenner wëll dat awer duerchzéien.