Déi schonn ugedoe Sneakers vum Rapper hu bei enger Auktioun zu New York ee Rekord opgestallt.

De Rapper Kanye West kasséiert eng Rekordzomm fir seng schonn ugedoe Sneakers. 1,5 Milliounen Euro huet ee Sammler bei enger Auktioun op den Dësch geluecht, an dat nëmme well de Kanye West dës Sneakers bei de Grammys 2008 unhat. D’Schong sinn also 13 Joer al.

An et kënnt nach besser: Dem Auktiounshaus no goufe Schong, déi schonn ugedoe goufen, fir nach ni esou vill Sue versteet. Domat stéisst de Kanye West d’Basketball-Legend Michael Jordan vum Troun. Seng Schong goufen nämlech fir 500.000 Euro verkaf.