D'Pop-Sängerin wëll sech elo selwer viru Geriicht iwwert säi Verhältnis mat sengem Papp äusseren.

D’Britney Spears steet jo zënter Joren ënnert der Tutelle vu sengem Papp. De Prozess, an deem d’Pop-Ikon dat endgültegt Ofsetze vu sengem Papp als Tuteur fuerdert, ass voll amgaangen.

Bis ewell war d’Musekerin awer ëmmer vu sengen Affekote viru Geriicht vertruede ginn, fir dogéint ze kämpfen. Dat soll sech elo änneren, well d’Britney wëll elo selwer viru Geriicht aussoen, an zwar sou séier wéi méiglech. Dat gouf dem Riichter elo matgedeelt, mellt den US-Promiportal "TMZ".

Deemno soll d’Pop-Sängerin den 23. Juni aussoen. Wat genee hatt dem Riichter viru Geriicht soe wëll, ass net bekannt. Ma warscheinlech wëll hatt endlech vu sengem Papp fräi kommen also nees selwer iwwert säi Liewe bestëmme kënnen.