D'Duechter vum Ozzy Osbourne huet elo an engem Interview erkläert wéi et dozou komm ass.

D’Kelly Osbourne hat viru kuerzem zouginn, dass hatt no 4 Joer Abstinenz nees zum Alkohol gegraff huet. D’Duechter vun der US-Rock-Legend Ozzy Osbourne huet elo an engem Interview méi ausféierlech iwwert d’Hannergrënn vu sengem Réckfall geschwat.

Am Gespréich mam Magasinn „Extra“ sot hatt zum Beispill, dass et geduecht huet, well hatt sou laang clean war, nees wéi een normale Mënsch Alkohol kéint drénken. Ma et war dunn direkt gescheitert, et hatt nees direkt vill gedronk, an ass nees ofhängeg ginn.