2 Méint nom brutalen Iwwerfall op dem Lady Gaga seng Hënn an op säin Hondssitter goufen elo 5 Verdächteger festgeholl.

Et ginn Neiegkeete ronderëm den Entféierungsdrama vum Lady Gaga sengen Hënn. Wärend d’Sängerin Enn Februar bei Dréiaarbechten zu Roum war, goufe jo zwee vun dräi Hënn bei engem brutalen Iwwerfall entfouert an hiren Hondssitter gouf ugeschoss.

E puer Deeg méi spéit waren d’Hënn nees opgedaucht an de blesséierte Mataarbechter huet sech antëscht och nees erholl.

Elo huet d’Police vu Los Angeles och déi presuméiert Täter festgeholl. Wéi den US-Promi-Portal „TMZ“ mellt, goufe 5 Persoune festgeholl, déi eppes mam Iwwerfall ze dinn hunn.

3 Männer am Alter vun 18 bis 27 Joer gi wéinst versichte Mord an arméierten Iwwerfall ugeklot. Zwou weider Persoune mussen sech wéinst Bäihëllef veräntwerten, dorënner och déi Fra, déi di zwee Hënn zwee Deeg no der Dot bei der Police ofginn huet, a behaapt huet, si hätt d'Hënn réng zoufälleg fonnt.