Do géif déi "ofschreckend Wierkung" feelen. Hien hätt sech ee méi haart Urteel gewënscht, esou de Podolski.

De fréieren däitsche Fussball-Nationalspiller Christoph Metzelder ass en Donneschdeg zu 10 Méint Prisong op Sursis verurteelt ginn. D’Amtsgeriicht vun Düsseldorf huet hie schëlleg gesprach, well hie kannerpornographesch Dateie besiess a weidergedeelt huet.

Am Prozess hat de Metzelder zouginn, dass hien 18 Dateien op sengem Handy hatt, op deenen ee gesinn huet, wéi Kanner sexuell mëssbraucht ginn. D’Biller hätt hien am Netz erofgelueden a weidergeschéckt. Viru Geriicht sot de Metzelder, dass hien dat beréit an huet sech entschëllegt.

An der Uklo war vun däitlech méi Dateie riets. Et wiere knapp 300 Dateie fonnt ginn. Duerch d‘Sursis-Strof muss de Metzelder net an de Prisong.

De Lukas Podolski, dee mat him an der Nationalekipp gespillt huet, huet sech nom Urteel géint säi fréieren Teamkolleeg geäussert. Fir de Podolski ass d'Strof géint de Metzelder ze mëll. Géintiwwer der "Bild"-Zeitung sot hien, dass hie fir sou een Urteel kee Verständnes hätt. Et géif hei net drëms goen, een Zeechen un engem prominenten Täter ze setzen. Et geet drëms, dass sou eppes grondsätzlech méi haart bestrooft sollt ginn.

Och een deelweis d'Geständnes dierft keng Entlaaschtung sinn, wann et ëm Kannerpornographie geet. Do géif déi "ofschreckend Wierkung" feelen. De Podolski hätt sech ee méi haart Urteel gewënscht. Wie Kanner sou eppes undeet, misst mat all der méiglecher Häert vum Gesetz bestrooft ginn, esou den Däitschen.