Nodeems schonn am Februar éischt Ermëttlunge géint de Rocker ageleet goufen, huet déi brittesch Schauspillerin Esme Bianco lo och géint de Sänger geklot.

D'Virwërf sinn déi selwecht, wéi déi vu senger Ex-Frëndin Evan Rachel Wood an och vun anere Fraen: Vergewaltegung a Mësshandlung.

D'Schauspillerin huet ausgesot, dass de Schock-Rocker hat 2009 véier Deeg a sengem Haus gefaange geholl an ënner Drogenafloss gesat hätt. An dësem Bezuch gëtt him dann och nach schwéier Mësshandlunge virgeworf.
2011 hätt hien hat dunn och nach vergewaltegt.

D'Schauspillerin, déi duerch d'Serie "Game of Thrones" bekannt ginn ass, huet an engem Interview gesot, hat wéilt elo dowéinst rechtlech Schrëtter aleeden, fir ze verhënneren, dass de Manson och anere Leit hiert Liewen zerstéiere kéint. Hat wéilt dozou opruffen, fir duerch esou Aussoe fir méi Gerechtegkeet ze suergen.