Dës Behaaptung soll hien als Grond uginn hunn fir d’Tutelle iwwert d’Britney ze kréien.

D’Britney Spears ass d’lescht Joer viru Geriicht gezu fir d’Enn vun der Tutelle vun hirem Papp Jamie Spears ze erwierken. Sengem Affekot no hätt d’Sängerin Angscht viru sengem Papp.

Elo kënnt och nach eraus, dass dem Britney säi Papp eppes ganz krasses iwwert hatt behaapt. Säi Papp behaapt dass d’Britney ënnert Demenz leit. Dës Behaaptung soll hien als Grond uginn hunn, fir d’Tutelle iwwert d’Britney ze kréien. Dat geet aus de Geriichtsdokumenter ervir, an déi ee brittesche Journalist elo fir eng Doku Asiicht krut.

D’Fans déi halen natierlech dogéint a gleewen absolut net un eng Demenz-Erkrankung. Mat Demenz wier net méiglech gewiescht op Welt-Tournée ze goen, sou wéi d’Britney dat gemaach huet, esou d’Fans. D’Britney wëll elo op alle Fall den 23. Juni fir di éischte Kéier viru Geriicht aussoen, hatt wëll endlech all seng Rechter zeréck. An et dierf ee gespaant sinn, wat hatt alles erziele wäert.