Dat seet d'Georgina Rodriguez iwwert de Cristiano Ronaldo.

Wéi tickt de Cristiano Ronaldo eigentlech privat? Dat huet sech bestëmmt schonn deen een oder anere Fan gefrot. An enger Netflix-Doku gëtt seng Partnerin Georgina Rodriguez privat Ablécker wéi de Fussballer esou drop ass. Dës Doku soll deemnächst erauskommen, ma elo schonn huet d'Model géintiwwer dem italienesche Magasin "Grand Hotel" e puer Detailer ginn.

Sou seet hatt zum Beispill, dass de Ronaldo ee ganz gudde Papp wier. Dat mierkt een och op Insta an de Videoen, déi de Fussballstar post. Hien ass een absolutte Familljemënsch a vergëttert seng 4 Kanner.

Mee d’Georgina erzielt an der Doku och, dass de Cristiano absolut net kache kéint. Fir den Haushalt wier hatt zoustänneg.

Och fir handwierklech Saachen wéi z.B. d’Bier um 6 Meter héije Plaffong ze wiesselen, well de Ronaldo sech blesséiere kéint. De Profi-Fussballer soll seng Been anscheinend fir 200 Milliounen Euro verséchert hunn.