No 27 Joer Mariage ass Schluss, de Microsoft-Grënner léisst sech scheeden.

De Microsoft-Grënner Bill Gates huet e Méindeg ee ganz speziellen Tweet gemaach. Per Twitter huet de Milliardär der ganzer Welt matgedeelt, dass hien sech vu senger Fra Melinda scheede léisst. Si ware 27 Joer matenee bestuet an hunn 3 Kanner.

Als Grond fir d’Scheedung nennt de Bill Gates, dass si Zwee net doru gleewe géingen, dass si als Koppel an déi nächst Phas vun hirem Liewen zesumme wuesse kéinten. Fir déi gemeinsam Stëftung wéilten se awer weiderhin zesummeschaffen.