De Pietro an d'Léift - dat suergt bei senge Fans fir vill Spekulatiounen. Aktuell ass hien offiziell Single.

De Pietro Lombardi hätt seng eegen Datingshow kënne kréien. De Sänger ass jo aktuell Single. Wéi hien op Insta erzielt huet, hätt ee Fernseesender him eng enorm Zomm ugebueden, fir bei engem Dating-Format matzemaachen, bei deem et ëm ee Mann an ëm 30 Frae geet, ganz nom d"Bachelor" -Format. Esou eng utopesch héich Zomm hätt hien nach ni ugebuede kritt.

Fir de Pietro ass dat awer näischt. Hie wëll seng Fra op engem anere Wee kenneléieren an net iwwert eng Dating-Show, esou de Sänger.