Mat grad emol 19 Joer bréngt d'Billie Eilish ee Buch eraus.

D'Billie Eilish ass ee globaalt Pop-Phänomen an eng Ausnamekënschtlerin. Seng Songs brieche Streaming-Rekorder, fir säi jonkt Alter krut et scho vill Präisser.

Fir déi éischte Kéier weist d'Billie Eilish dann elo a sengem eegene Buch, dat den 11. Mee erauskënnt, ee Bléck hannert d'Kulissen, mat villen nach ni gewisene Fotoen. Et si Fotoen iwwert seng Kandheet, d'Liewen op Tour a villes méi. D'Buch wier deemno duerch an duerch Billie Eilish.