Am Ufank huet de Sänger seng Depressiounen net eescht geholl. Wéi seng Mamm hien drop opmierksam gemaach huet, huet hie reagéiert.

De Wincent Weiss huet elo oppen iwwer sengen Depressioune geschwat. Am Ufank huet de Sänger seng Depressiounen deemno net eescht geholl, bis et hie vun engem op den anere Moment ëmgehaen hätt. Sou richteg realiséiert, hätt hie seng Depressioune wéi seng Mam him gesot huet, hie wier net méi erëm ze erkennen, esou de Sänger am Interview mat der Noriichtenagence Spot on News. Do huet hien dunn och eppes géint seng Depressiounen ënnerholl. Ënner anerem géif him d’Musek hëllefen. Him wier et wärend dem Lockdown gelongen aus senger Depressiounen ze kommen, ma ganz iwwerwonnen hätt hien et nach net. Et géifen ëmmer nees Down-Phase ginn, mee net méi grad sou schlëmm.