No 18 Joer ass Schluss! 2022 soll et déi lescht Staffel vun der "Ellen DeGeneres Show" sinn.

D’Ellen DeGeneres mécht Schluss mat senger Show. Dat huet déi legendär US-Talkmasterin selwer a senger Show matgedeelt.

No 18 Joer an iwwer 3.000 Sendungen ass Schluss. Et wier di bescht Erfaarung vu sengem Liewe gewiescht, esou d’Ellen.

Di nächst respektiv 19. Staffel ass deemno di lescht. Mat den negative Schlagzeilen iwwert d’Aarbechtskonditiounen ronderëm seng Show soll d’Aus entgéint ville Spekulatiounen näischt ze dinn hunn.