17 Joer no der leschter Folg gëtt et een Datum fir ee Comeback.

Wéinst der Pandemie haten sech d’Dréiaarbechten allgemeng verspéit, elo steet awer een Datum fest, wéini „Friends – The Reunion”  gewise gëtt.

Et ass deemno den éischte gemeinsamen Optrëtt zënter 17 Joer. Am Abrëll waren d'Dréiaarbechten op en Enn gaangen.

D’Jennifer Aniston huet via Insta matgedeelt, dass de Comeback de 27. Mee op HBOMax gestreamt gëtt.

Déi komplett Haaptbesetzung ass nees mat dobäi. Nieft dem Aniston dierfen sech d'Fans op d'Lisa Kudrow, de Matthew Perry, den David Schwimmer, d'Courteney Cox an de Matt LeBlanc freeën.

Dobäi sinn och e puer prominent Gäscht wéi z.B. den Justin Bieber, d’Lady Gaga an d’K-Pop-Band BTS.

Wéi et heescht, wier ouni Dréibuch gedréint ginn. D'Reunion wäert keng klassesch Fortsetzung, also keng nei "Friends"-Staffel sinn. Dat huet d'Phoebe-Duerstellerin Lisa Kudrow well matgedeelt. Et ass kee Reboot.