De bekannte Basketballspiller vun de Los Angeles Lakers gouf e Samschdeg an der Basketball Hall of Fame opgeholl, 14 Méint no sengem déidlechen Accident.

E Samschdeg gouf hien am klenge Krees an der Naismith Memorial Basketball Hall of Fame opgeholl.

Viru knapp 14 Méint, am Januar d'lescht Joer, war hie mat senger 13 Joer aler Duechter Gianna an engem Helikopter-Accident ëm d'Liewe komm. Och 7 weidere Membere vum Fluch waren ëm d'Liewe komm.

Seng Fra, d'Vanessa Bryant, huet bei enger Ried wärend der Zeremonie hirem Mann seng Léift fir Basket, seng Famill, seng Teamkolleegen a seng Fans betount. Hie wier en "true champion". Begleet gouf si vum Michael Jordan.

RTL

© AFP

Och den Tim Duncan an de Kevin Garnett goufen ënnert anerem an d'Hall of Fame opgeholl. D'Zeremonie hätt scho sollen d'lescht Joer ofgehale ginn, gouf awer wéinst der Corona-Pandemie no hanne verréckelt.