Verbaut sech de Prënz et elo ganz mat senger Famill?

De brittesche Prënz Harry war zu Gaascht beim Podcast vum US-Schauspiller Dax Shepard. An do huet hie Saachen erzielt, déi senger Famill wuel éischter net gefale wäerten. Et sinn nämlech nach méi emotional Aussoe vum Prënz, wéi déi aus dem Oprah Winfrey Interview vu virun e puer Wochen.

"Ech hunn eng Zort vu Peng a Leed erlieft, warscheinlech well mäi Papp oder meng Elteren déi Peng an dat Leed selwer hu missen erliewen. Ech wëll dëse Kreeslaf duerchbriechen, fir dass ech dat net weiderginn. Hie behandelt mech esou wéi hie vu sengen Eltere behandelt ginn ass".

De Prënz deit deemno un, dass d'Queen an hire Mann schlecht Eltere fir de Prënz Charles gewiescht wieren, an den Charles da kee gudde Papp fir hie selwer gewiescht wier.

No de Rassismus-Virwërf deemno den nächste Schlag fir déi brittesch Kinneksfamill. De Prënz huet och zouginn, dass hien u sech scho vill éischter seng royal Flichten ofleeë wollt.

Am Podcast sot hien, dass hie schonn ufank 20 goe wollt. Hie wollt dësen Job net méi maachen, an erënnert drun wat dat alles mat senger Mamm gemaach huet.

Fir dës Spiral vu Peng a Leed ze duerchbriechen, wier hien mat senger Fra Meghan an sengem Bouf Archie an d'USA ausgewandert.

Fir d'Queen, déi nom Doud vun hirem Mann nach trauert, a fir säi Papp den Charles ass dësen Interview wuel ee weidere Schlag an d'Gesiicht. Et klengt deemno sou, wéi wann den Harry mat senger royaler Roll komplett ofgeschloss huet.