Den 22-Järegen wäert ee Restaurant opmaachen, wou déi ouni Sue gratis z'iesse kréien, an déi mat, bezuele mussen.

Den Jaden Smith, grad mol 22 Joer, wëll zu Los Angeles elo ee Restaurant opmaachen, fir ënner anerem  Mënschen ouni Daach eng Moolzecht unzebidden. Mënschen, déi net dovu betraff sinn, bezuele fir hiert Iessen, déi aner kréien et gratis.

Zënter 2019 huet de jonke Sänger a Schauspiller well ee Food Truck, an deem Leit ouni Daach iwwert dem Kapp gratis iesse kënnen.

Souwuel de Restaurant wéi och d’Iessen am Food Truck ass iwwregens vegan.