Wéi schwéier de Sänger blesséiert ass, ass net bekannt.

Den Nick Jonas huet sech de Weekend iwwer um Set vu senger neier Show blesséiert. Wéi de Promiportal "TMZ" mellt, huet de Sänger missen an d'Spidol ageliwert ginn.

Wéi schwéier hie blesséiert gouf, a wat genee hien huet, gouf net matgedeelt. Och net ëm wat et bei der neier Show geet.

Antëscht soll de jéngste Brudder vun den "Jonas Brothers" awer nees doheem bei senger Fra Priyanka Chopra sinn.

De Sänger ass och Member vun der "The Voice"-Jury. Do soll e Méindeg een aneren a sengem Numm mat dobäi sinn, esou heescht et.