Israel geheit dem Model antisemitesch Äusserunge vir.

D’Bella Hadid gëtt schaarf vun der israelescher Regierung kritiséiert.

D‘Model huet palestinensech Originnen a soll op enger pro-palestinensecher Demonstratioun mat aneren dozou opgeruff hu Judden an d’Mier ze geheien.

Op Twitter schreift déi israelesch Regierung: „Wa Promie wéi d’Bella Hadid sech dofir ausschwätzen, d’Judden an d’Mier ze geheien, da sinn si fir d’Vernichtung vum jiddesche Staat. Dat wier keng Ugeleeënheet tëscht Israelis a Palestinenser. Et wier eng mënschlech Ugeleeënheet. Schan iwwert dech.“, esou de Message op Twitter.