Dem Ariana säi Manager huet matgedeelt, dass hatt an den Dalton Gomez sech zu Montecito d’Jo-Wuert ginn hunn.

D'Ariana Grande ass net méi ze kréien. Déi 27 Joer al Pop-Sängerin huet sech nämlech bestuet. Dem Ariana säi Manager huet matgedeelt, dass hatt an den Dalton Gomez sech zu Montecito d’Jo-Wuert ginn hunn. Et wier eng kleng Zeremonie mat 20 Gäscht gewiescht. D’Koppel hat sech Chrëschtdag verloobt an ass zënter annerhallwem Joer zesummen.