Ice Ice Baby!

D'Nicki Minaj huet wéi vill Promis een Tick. D'US-Rapperin huet senge Fans elo verroden, dass hatt zënter der Schwangerschaft mat sengem Bouf, deen am September 2020 op d'Welt komm ass, eng äiskal Iessgewunnecht huet, déi hatt net méi lass gëtt.

An zwar ësst hatt all Dag eng 20 Bechere mat Äiswierfel. Wéi vill Äiswierfelen et genee sinn, sot et net. Mee et gëtt nach méi verréckt, well den Äiswierfel-Becher aus deem hatt all Dag "nascht", muss ëmmer dee selwechte sinn. Et schmaacht net richteg, wann d'Äiswierfel aus engem anere Becher sinn, esou d'Nicki Minaj.