© Jean-Baptiste LACROIX / AFP
D'Jena Frumes an den Jason Derulo sinn elo Elteren.
De Rapper a seng Frëndin sinn Eltere vun engem klenge Bouf ginn. Eréischt Enn Mäerz hat d'Koppel d'Schwangerschaft annoncéiert, elo ass de klenge Mann schonn op der Welt. D'Jena huet elo déi éischt Biller vum Kand op Insta gepost. Den "Jason King Derulo" ass well den 8. Mee op d'Welt komm.
Den Jason huet op Insta ee Video gepost, deen de Wee an d'Spidol dokumentéiert a weist wéi de klenge Bouf fir déi éischte Kéier op senger Broscht läit.
Den Jason an d'Jena sinn eréischt zënter 2020 eng Koppel. Kurz virum Ausbroch vun der Pandemie haten sech d'Influencerin an de Sänger verléift an d'Quarantänzäit matenee verbruecht.