D'Show "Sing meinen Song - Das Tauschkonzert" bitt d'Geleeënheet d'Wierk vun engem Kënschtler kennen ze léieren an och de Mënsch dohannert.

D'Stefanie Heinzmann hat säi musikaleschen Duerchbroch viru 14 Joer an enger Castingshow. Antëscht ass déi gebierteg Schwäizerin nieft Stare wéi den DJ Bobo Deel vum Format "Sing meinen Song - Das Tauschkonzert". Do begeeschtert d'Sängerin net nëmme mat senger Stëmm, mee och mat senger mënschlecher Säit.

Mee an der 5. Folge huet d'Stefanie jidderee geschockt, wéi hatt iwwert seng Vergaangenheet geschwat huet. Hatt huet erzielt, dass hatt mat 16 Joer an enger Band war a vill opgetrueden ass. Wärend där Zäit hat et ee Bandscheiwevirfall an huet wéinst Réckwéi misse staark Medikamenter huelen. Dobäi koum, dass hatt mat senger Figur net zefridde war, a bal näischt méi giess huet a just nach 42 Kilo gewien huet.

D'Musekerin hätt dunn ugefaangen sech selwer ze verletzen. Et wier esou schlëmm gewiescht, dass hatt mat 17  Joer fräiwëlleg an eng zoue Psychiatrie gaangen ass. Dat war 1 Joer iert hatt beim Stefan Raab senger Emissioun berüümt ginn ass. An der Psychiatrie war hatt 3 Méint laang.