© Dimitrios Kambouris / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Den A$AP Rocky ass bis hannert d'Ouer verléift.
Enn 2019 goufen et déi éischt Gerüchter, elo ass et offiziell.
De Rapper A$AP Rocky an d'Sängerin Rihanna sinn zesummen. Dat huet de Rapper am Interview mam GQ-Magasin confirméiert.
Am Interview huet den 32-Järege ganz oppen iwwert seng Léift zu der Sängerin geschwat. "Eng Bezéiung ass esou vill besser, wann een "dat Richtegt" fonnt huet. Se wier esou vill besser wéi 1 Millioun aner Fraen", esou de Rapper. Wärend dem Gespréich huet hien d'Rihanna als "d'Léift vu sengem Liewen" an als "meng Lady" bezeechent.