200 Millioune Mënschen haten den Interview deemools gesinn, ee spektakulären Tabubroch, deen d'Enn vum Bestietnis mam Prënz Charles ageleet hat.

1995 hat d’Lady Diana engem BBC-Journalist ee spektakulären Enthüllungs-Interview ginn. D’Mamm vun de brittesche Prënze William an Harry hat sech deemools alles vun der Séil geschwat. Iess-Stéierungen, Depressiounen, Drock vum Kinnekshaus an d'Problemer mat hirem Mann dem Prënz Charles. Elo kënnt eraus, dass de Journalist Martin Bashir sech den Interview mat Hëllef vun Täuschunge verschaaft huet.

En Donneschdeg gouf een Ermëttlungsrapport verëffentlecht, aus dem ervirgeet, dass de Journalist dem Lady Di gefälschte Beweiser virgeluecht hat, fir se zum Interview ze erzwéngen.

Ënnert anerem huet hien der Prinzessin een Dokument virgeluecht, an deem et geheescht huet, dass d'Nanny vu senge Kanner, eng Ofdreiwung hat no engem Verhältnis mam Prënz Charles. Et goufe Kontos-Auszich vu Mataarbechter vum Kinnekshaus gefälscht déi weise sollten, dass Mataarbechter bezuelt goufen fir Privates iwwert d'Prinzessin ze erzielen. Ausserdeem soll de Journalist der Prinzessin erzielt hunn, dass hiren Telefon ofgelauschtert gëtt.

Dat war alles erlunn, an dat alles huet dozou gefouert, dass d’Lady Di allgemeng iwwert hir Problemer an d'Ontrei si vum Prënz Charles geschwat huet.

De Prënz William huet sech en Donneschdeg direkt dozou geäussert:

Dem Prënz William no hätt sech duerch de Skandal-Interview d’Bezéiung vu sengen Eltere verschlechtert, seng Mamm hätt sech isoléiert a wier paranoid ginn. Dat alles hätt dozou gefouert, wéi et um Enn ausgaangen ass. Zwee Joer nom Interview ass d'Lady Diana bei engem trageschen Autosaccident mat hirem neie Liewenspartner ëm d'Liewe komm.

Och den Harry huet sech an engem Statement geäussert: "Et wier den éischte Schrëtt a Richtung Gerechtegkeet a Wouerecht. Wat mech awer zudéifst beonrouegt dass esou Methoden an nach vill méi schlëmmer wéi dës nach haut wäit verbreet sinn. Eis Mamm huet doduerch hiert Liewe verluer, an näischt huet sech geännert. An deem mir hiert Ierwe schützen, schütze mir jiddereen. Erënnere mir eis wie si war a woufir si stoung".

De Sender BBC an och de Journalist selwer hunn sech antëscht dofir entschëllegt.