Haut doriwwer oppen ze schwätzen, géif him hëllefen dat Erlieften ze iwwerwannen an domat aneren ze hëllefen.

D’Lady Gaga gouf mat 19 Joer vun engem Museksproduzent zu Sex gezwongen a war duerno schwanger. Dat huet déi haut 35 Joer al Oscar-Gewënnerin an der Oprah Winfrey an dem Prënz Harry senger neier Apple TV Fernsee-Doku „The Me You Can’t See » erzielt. Eng Doku wou et ëm mental Gesondheet geet.

Haut doriwwer oppen ze schwätzen, géif him hëllefen dat Erlieften ze iwwerwannen an domat aneren ze hëllefen. De concernéierte Produzent hätt hatt duerno einfach schwanger op der Strooss an der Géigend vu sengem Elterenhaus ofgesat. Virdrunner hätt hien hatt Méintelaang an engem Studio agespaart. Den Numm vum Produzent wëll hatt net nennen, hatt wëll him ni méi begéinen.

D'Péng déi hatt duerch d'Vergewaltegung erlieft huet, hätt hatt nach Jore méi spéit gespuert. Wéi déi ongewollte Schwangerschaft op en Enn gaangen ass, dorop geet d'Sängerin am Interview net an. Hatt wier deemools an enger totaler psychotescher Paus gewiescht an net méi dat selwecht Meedche gewiescht, esou d'Lady Gaga. E puer Joer méi spéit wier bei der Sängerin eng post-traumatesch Belaaschtungsstéierung diagnostizéiert ginn, heesht et weider.