D'Angelina Jolie huet ee Video verëffentlecht op deem ee gesäit, wéi ee Schwaarm Beien op him ronderëm krabbelt a flitt. An dat ouni Schutzkleedung.

Am Zesummenhang mam weltwäiten Dag vun de Beien huet déi bekannte Schauspillerin Angelina Jolie ee Video verëffentlecht, op deem ee gesäit wéi ee ganze Schwaarm vu Beien op him sëtzt, krabbelt a ronderëm flitt. Dobäi huet hatt awer keng Schutzkleedung un, mee ee schëllerfräit Iewescht.

Mat deem Video setzt hatt sech awer net nëmme fir de Schutz vun de Beien an, mee hatt wëll sech domadder och fir Frae staark maachen, déi dem Beruff vun der Imkerin noginn.