© ANGELA WEISS / AFP
Dem amerikanesche Schauspiller Kevin Spacey seng Karriär louch no de Virwërf iwwer sexuell Iwwergrëff op Äis. Ma elo soll hien eng Offer kritt hunn.
D'Karriär vum US-Schauspiller Kevin Spacey louch no de Virwërf iwwer sexuellen Iwwergrëff zënter dem Hierscht 2017 op Äis. Ma elo soll de Schauspiller eng Offer aus Italien kritt hunn.
Dat mellen amerikanesch Medien um Sonndeg. De Franco Nero, deen ënner anerem am Film "Django Unchained" matgespillt huet, huet sech positiv iwwert de Kevin Spacey geäussert a freet sech, hie kënnen a sengem Film z'integréieren.
De Franco Nero ass beim Film "L'uomo Che Disegnò Dio" Haaptschauspiller an ass als Regisseur u Bord. De Produzent Louis Nero hat enger Zeitung matgedeelt, datt de Spacey eng méi kleng Roll als Policedetektiv iwwerhuele soll. De Spacey selwer huet sech bis ewell net dozou geäussert.
Am Hierscht 2017 waren duerch #MeToo Virwërf géint de Kevin Spacey gemaach ginn. E Puer Kloe wéinst sexuellen Iwwergrëff, Belästegungen a Mëssbrauch koume viru Geriicht. Zënter dësen News hat sech den Amerikaner aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn.