D'Koppel huet net nëmmen duerch seng Outfits d'Stëmmung um rouden Teppech un d'Kache bruecht.

Bei de Billboard Music Awards goufen nees d'Museker geéiert. Wat natierlech net feelen dierft, si legendär Optrëtter an Outfits um rouden Teppech. An do si besonnesch de Machine Gun Kelly an d'Megan Fox opgefall. De MGK eemol wéinst senger komplett schwaarzer Zong. De Sänger hat déi Aktioun scho virun de Show op Instagram annoncéiert. De Grond: einfach esou! Ma um rouden Teppech ass awer nieft dem Sänger a Rapper senger Zong och nach d'Outfit vum Megan opgefall. Faarflech waren déi zwee perfekt openeen ofgestëmmt. An dem Megan säin Outfits dierft wuel sou munche Bols an d'Luucht gedriwwen hunn. Mat engem immens fräizügege Rack huet d'Schauspillerin den MGK op d'Award-Show begleet.

Wéi den Machine Gun Kelly dun och an zwou Kategorie gewonnen huet, war net z'iwwersinn wéi houfreg déi 35 Joer al Schauspillerin op hire Frënd ass. Ee Moment deen och fotograféiert gouf, an duerno op Social Media vill kommentéiert gouf "De Machine Gun Kelly gewënnt een Award währenddeem d'Megan Fox esou kuckt wéi hien den Award kritt *chef's kiss*" esou een vun den Tweets.

D'Koppel ass elo zanter bal engem Joer zesummen, an onzertrennlech.