© Jesse Grant / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Et kéint ee soen, dass am Kardashian-Haushalt d'Lompe sténken...!
Wéi et schéngt ass et definitiv net een Dram fir d'Kim Kardashian ze schaffen. Anescht léisst sech déi kollektiv Uklo vu sengem Haushalts-Personal wuel net erklären.
Et dierft wuel jidderengem kloer sinn, dass ee Kim Kardashian net doheem selwer botzt. Seng risegrouss Villa muss awer natierlech iergendwéi propper bleiwen. An do muss dann natierlech Botzpersonal agestallt ginn. Ma direkt siwe Persoune vun dem Personal hu sech awer elo zesumme gedoen a verkloen de Reality-Star elo gären.
De Grond? Riets geet an der Klo vu schaffen ouni Paus, ouni gereegelt Iesszäiten, dofir dann awer direkt enger Extra-Portioun vun Iwwerstonnen an dann nach de Salaire deen ze spéit ausbezuelt gëtt. Grad dee leschte Punkt dierft jo awer eigentlech kee Problem sinn: kee vum Kardashian-Jenner Clan huet elo wierklech Geldsuergen.
D'Kim selwer huet sech dann och schonn dozou geäussert. An engem Statement sot d'Véierfach-Mamm, dass hatt selwer näischt mat de Pausenzäiten, de Schaff-Konditiounen oder souguer dem Ausbezuele vun de Salairen ze dinn hätt! Et wier nämlech eng extern Firma déi sech dorëms géing këmmeren. An hatt selwer wier net "dofir verantwortlech wéi dës hiert Geschäft féieren". Ma d'Kim géing awer hoffen, dass ee sech am Gudden eens kéint ginn.