Ganz heemlech an an enger klenger Zeremonie huet d'Sängerin sech viru kuerzem bestuet.

Eigentlech ass et jo logesch, dass ee sech bestuet wann ee sech verloobt huet. Ma esou ass et jo och viru kuerzem beim Ariana Grande gaangen. Am Dezember 2020 koum d'Nouvelle, dass d'Sängerin a säi Frënd, den Dalton Gomez plange géingen sech ze bestueden. Elo am Mee dann d'Noriicht, dass déi zwee "Jo" gesot hunn. Dat an enger ganz klenger Zeremonie mat knapps 20 Leit. Vill méi Infoe gouf et awer net.

Elo huet d'Sängerin dann (endlech) Fotoe vun der Hochzäit a sengem Rack op Instagram gedeelt. An och den Datum vun der Zeremonie. De 15. Mee 2021 huet d'Koppel sech deemno bestuet, dat am Haus vun der Sängerin zu Montecito am Bundesstaat Kalifornien. Weider ass dann elo och gewosst, vu wiem den Hochzäitsrack designed a geschaf gouf: natierlech vu kengem anere wéi dem Vera Wang. Eng Decisioun déi scho virun e puer Joer op der Met Gala tëscht deenen zwou Frae geholl gouf. Och interessant: souwuel dem Ari säi Papp wéi och seng Mamm hunn hir Duechter un den Dalton Gomez ginn. A sengem Lidd "Thank U Next" hat d'Ariana dat jo scho gesot, dass seng Mamm bei dësem Moment soll involvéiert sinn.