© Ethan Miller / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Eng Fro déi sech net nëmmen d'Fans, mee wuel och de Sender NBC dierfte gestallt hunn: Wien iwwerhëllt dës Plaz? Elo gëtt et hei eng Äntwert.
Viru kuerzem hat d'Ellen DeGeneres jo annoncéiert, dass no der 19. Staffel vu senger "Ellen DeGeneres Show" am Joer 2022 wäert Schluss sinn. D'Sendeplaz vun der Show muss awer och duerno natierlech nei besat ginn. Elo ass dann och gewosst wien déi Plaz iwwerhuele soll: d'Sängerin Kelly Clarkson! Aktuell ass seng Daily Show "The Kelly Clarkson Show" elo an der zweeter Staffel um Sender NBC.
Vum Hierscht 2022 un, wäert d'Kelly dann dem Ellen seng Plaz an der mëttes Prime-Time iwwerhuelen. Fir d'Sängerin sécher ee Grond sech ze freeën. Wéi et vum Produktiouns-Team heescht, wéilt een dëst Engagement och an deenen nächste Joren éieren, mat Contenu dee fir all Alter a Leit mat alle méigleche Backgrounds gemaach ass.