© Amy Sussman / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Wéi all Joer kann et just eent ginn... Ma mat vill Drama an nach méi Tokio Hotel ass och dëst Joer nees gewielt ginn.
Déi 16. Kéier huet d'Heidi Klum nees een neit Topmodel gesicht. Elo steet da fest wie gewonnen huet. Eng Finall déi virun allem zimmlech eidel war. Nëmmen déi 4 Finalistinnen dierften dobäi sinn, nodeems eng vun de fréierer Kandidatinne positiv op de Covid-19 getest gouf. Donieft sinn nach d'Zoe Wees a virun allem Tokio Hotel opgetrueden. Tokio Hotel natierlech direkt e puermol. Esou dierft ee sech zum Beispill iwwert eng Coverversioun vun "Behind Blue Eyes" ... freeën.
Déi 4 Finalistinne waren dann d'Dascha, d'Soulin, d'Romina an d'Alex. Bei verschiddene Walks missten déi 4 Nowuess-Models da beweise wat se an deene ganze Woche geléiert hunn. Als éischt ass dunn d'Romina eraus geflunn, duerno huet d'Soulin sech misse verabschiden. Sinn also nach d'Dascha an d'Alex iwwreg bliwwen.
Gewonnen huet du schlussendlech d'Alex. Domat ass hatt d'Gewënnerin vun der 16. Staffel, an déi éischt transsexuell Gewënnerin vun GNTM iwwerhaapt. Hatt dierf sech dann iwwert een Opel Mokka an 100'000 Euro freeën, an et wäert dann nach um Cover vun "Harper's Bazaar" ze gesi sinn.