Op mannst wann et ëm hire Stammbam geet!

An der Kult-Serie "Friends" hunn se d'Monica Gellar an den Chandler Bing gespillt, déi zwee Frënn déi sech am Laf vun der Serie anenee verléift hunn a sech och bestuet hunn. Ma an der Realitéit sinn d'Courteney Cox an de Matthew Perry sech dann och méi no wéi ee villäicht geduecht hätt. Dat zwar net am romantesche Sënn mee am familliären.

Déi zwee sinn nämlech Cousin vum 11. Grad. Dat iwwert de William Osbern Haskell III an d'Ellen Haskell eng bestuete Koppel déi viru 500 Joer an England gelieft huet. Ob déi zwee dovu gewosst hunn ass zwar net bekannt, ma dass se awer och nom Schluss vun der Sendung nach ëmmer Kollege bliwwe sinn awer schonn. 2019 hat d'Courteney op Instagram eng Foto gedeelt, wéi de Matthew bei him doheem war fir zesummen z'iessen.