Bei "Friends: The Reunion" gouf sech net nëmmen un déi schéin Zäit erënnert mee et goufen och Geheimnisser verroden.

D'Fans vun der Sitcom hate sech laang op "Friends: The Reunion" gefreet. Wat si sech net erwaart hate war dass zwee Schauspiller zouginn hunn dass si wärend den Dréiaarbechte Gefiller fireneen haten! Den David Schwimmer an d'Jennifer Aniston, déi de Ross an d'Rachel gespillt hunn, hu gesot dass si am richtege Liewen ni gläichzäiteg Single waren an dowéinst trotz hire Gefiller ni an enger Bezéiung waren. An deem Sënn hu si decidéiert déi Léift déi se fireneen haten an déi epesch Libesgeschicht vum Ross a Rachel ze investéieren.

De Moderator James Corden an d'"Friends"-Fans hu ganz erstaunt op dës Ausso reagéiert. Mee déi aner Schauspiller vun der Sitcom hunn erkläert dass si dat alleguer gemierkt haten.