Dem Bella Poarch ass dat gelongen, wat virun him, nach keen aneren Newcomer gepackt huet.

Den TikTok-Megastar huet Mëtt Mee seng Karriär als Sängerin gestart. D'Single "Build a B*tch" ass dobäi ageschloen ewéi eng Bomm, de Museksvideo dozou huet souguer een neie globale Youtube-Rekord opgestallt. Sengem Label Warner Records no huet hatt de weltwäit erfollegräichsten Debut fir een neie Kënschtler op der Video-Plattform aller Zäiten erreecht. Iwwer 100 Millioune mol gouf de Video bannent enger Woch geklickt. Antëscht huet de Video iwwer 121 Millioune Klicks (Stand 31. Mee 2021).

Mee wisou gëtt déi philippinnesch US-Amerikanerin esou geféiert, a wien ass hatt eigentlech?

Mëtt 2020 huet d'Bella Poarch sech op Tiktok een Account gemaach an huet ee witzege Video nom aneren online gesat. Sou richteg bekannt ginn, ass et duerch ee Video mat enger No-Opnam vu sengem Gesicht zum Song M to the B vu Millie B. Bis haut gouf de Video bal 5 Millioune Mol op TikTok geliked. Et ass den erfollegräichste Video op der Social Media Plattform.

@bellapoarch

#duet with @bellapoarch I just realized this is the most liked tiktok video😭💕 Thank you and I love you guys🥺💕

♬ M to the B - Millie B

Haut huet déi 24 Joer al Influencerin iwwer 69 Millioune Follower an iwwer 1,5 Milliard Likes op TikTok. Domat zielt hatt zu den Top 5 vun de weltwäit erfollegräichste Creater op der Plattform. Dozou gehéieren ënner anerem och d'Charli D'Amelio an d'Addison Rae. Antëscht kann d'Bella labber duerch seng Social Media Presenz liewen.

Seng Leidenschaft Musek ze maachen, huet hatt eréischt viru kuerzem verroden. Scho méi laang huet d'Asiatin seng Léift zu der Musek entdeckt, mee duerch ee schlëmmt Erliefnis huet hatt se eng Zäit laang op d'Säit geluecht. D'Bella Poarch ass iwwregens US-Navy-Veteranin a war 2015 a Japan stationéiert.