© BRITTA PEDERSEN / POOL / AFP
Eréischt virun e puer Méint ass de Sänger Papp ginn. An engem Interview zielt hien iwwert seng Prioritéiten.
Eréischt zënter e puer Méint ass den Tim Bendzko Papp. Den däitsche Sänger hatt dat Ufank Januar selwer via Insta matgedeelt. Soss hält hie säi Privatliewen éischter geheim. Sou ass och ëffentlech net gewosst wien seng Fra oder Frëndin ass. An engem Interview mat "spot on news" huet hien am Kader vu sengem neie Song "Kein Problem" deen Enn Mee erauskomm ass, awer e bësse Privates erzielt.
"De Leit ze soen, dass ech Papp gi sinn, domadder hunn ech kee Problem. Et wäert awer net geschéien, dass elo elo all Woch ee Video vu mengem Bouf posten, wéi hie mat Spillsaache spillt. Dat wier mir dann awer ze privat", esou de 36-Järegen.
De Berliner Museker huet awer zum Beispill verroden, dass hien elo vill manner gutt plange kéint well seng Prioritéiten sech geännert hätten. Hien hätt z.B. vill manner Zäit nei Songs ze schreiwen. Esou bal hien e bëssen Zäit hätt, géif hien dës notze fir ze schreiwen. Sou ass säin neie Song "Kein Problem", nuets an zwou an enger hallwer Stonn entstanen, wéi säi Jong geschlof huet.