© Eldoradio
Géint de Marilyn Manson ass eng weider Klo wéinst sexuellem Mëssbrauch agereecht ginn. D'Affer soll 2011 mam Manson an enger Bezéiung gewiescht sinn.
Eng weider Fra werft dem Sänger Marilyn Manson sexuelle Mëssbrauch fir. D'Affer, dat net mam Numm genannt well ginn, huet erzielt, dass hier Bezéiung am Joer 2011 am Ufank romantesch an douce war. Mee dat hätt sech awer mat der Zäit verännert. D'Affer erzielt, dass de Manson si vergewaltegt huet a sexuell gedeemütegt huet. Sou soll hien der Fra ee Video gewisen hunn, op deem ze gesinn ass, wéi de Manson ee jonke weibleche Fan un engem Stull gefesselt huet an gezwongen huet säin Urin ze drénken. D'Fra wär därmoosse schockéiert gewiescht, dass si Angscht em hiert eege Liewen hat an huet d'Bezéiung beendegt. Wou si dem Manson de Hausschlëssel wollt zeréck bréngen, soll hien d'Fra vergewaltegt hunn a mat enger Waff bedréit hunn.
Ufanks Februar hat d'Schauspillerin Evan Rachel Wood dem Manson schwéiere Mëssbrauch virgeheit. Dat sollt awer just den Ufank sinn, well véier weider Fraen hunn eng änlech Klo géint de Manson agereecht. Dorënner d'Schauspillerin Esmé Bianco an seng deemoleg Assistentin.
De Manson huet d'Reprochen all Kéiers zeréck gewisen a schwätz vun enger schrecklecher Verfälschung vun der Realitéit. Den Ament ermëttelt Police Gilford am US-Bundesstaat New Hampshire géint de Manson wéinst Kierperverletzung. De Sänger soll bei engem Concert 2019 eng Kamerafra reegelméisseg ugespaut hunn.