De Sänger schafft de Moment net nëmmen un neier Musek, mee hie geet elo och ënnert d'Social-Media-Stars.

Den 30 Joer ale Museker soll ee Mega-Deal mat TikTok ënnerschriwwen hunn.

Der brittescher Zeitung "TheSun" no soll den Ed Sheeran dat neit Gesiicht vum beléifte Videoportal ginn. D'Dréiaarbechten zu London hätte well ugefaangen.

Den Ed Sheeran huet op TikTok well 2,6 Millioune Follower. Méi Detailer zum TikTok-Projet sinn nach net bekannt.