Een entspannten Dag bei der Schwemm ass dem Kelly zum Verhängnis ginn.

Schonn am Abrëll hat d'Kelly Osbourne (36) senge Fans erzielt, dass hatt een Alkohol-Réckfall hat. Jorelaang war d'Duechter vum Schock-Rocker Ozzy Osbourne vun Alkohol a Pëllen ofhängeg. Zënter 2017 huet hatt awer gemengt, seng Sucht am Grëff ze hunn. Mee een Dag bei enger Schwemm huet him gewisen, dass deem net sou ass. Dat huet d'Kelly Osbourne elo an der US-Talkshow vum Jada Pinkett Smith erzielt.

Hatt souz deemno eleng an enger Schwemm an huet eng Koppel gesi Schampes drénken, an huet sech geduecht, dass hatt dat no sou laanger Abstinenz ouni Problem och kéint, an huet sech ee Glas Schampes gegënnt. Den Dag drop waren et der dunn Zwee. An e puer Deeg méi spéit waren et e puer Fläschen. Elo kämpft hatt nees géint seng Alkoholsucht.